Barababor, eng nei Serie, déi een elo all Dag kuerz virun 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg ze gesi kritt. Wie gäre laacht an net ze laang op d’Pointe waarde wëllt, kënnt hei op seng Käschten.
All eenzel Episod erzielt eng Geschicht vun deene klenge Figuren, déi net immens clever sinn an alles vermasselen.
2014 hat de Produzent Laurent Witz en Oscar mat sengem Animatiounsfilm “Monsieur Hublot” gewonnen. U sech e Beweis, dass seng Produktioune qualitativ an international mathale kënnen.
Witzeg, kuerz, heiansdo mat Matleed verbonnen, e Konzept, wat esouguer international Zukunft kann hunn.