D’Gebai huet 36 Stäck, blo Fënsteren an huet d’Form vun enger Gittar. Nieft engem Hotel mat 1200 Zëmmeren, ass och e Casino mat 7000 Plazen an iwwer 3000 Spillautomaten am Gebai mat der ganz spezieller Form. Käschtepunkt: 1,5 Milliarden Dollar.

Fir d’Ouverture en Donneschdeg waren e sëlleche Stars aus der Rockzeen, wéi och Schauspiller invitéiert. Den Joe Perry (Aerosmith), Morgan Freeman, Johnny Depp, Khloe Kardashian, fir nëmmen déi ze nennen, hate sech et net huele gelooss, bei dem Mega-Event dobäi ze sinn.
Hannert dem Projet stécht den Indianerstamm vun de Seminolen, deenen d’Hard-Rock-Caféë gehéieren. Jiddereen, deen op d’mannst zu engem Véierel Seminole ass, kritt een Deel vun de Gewënner aus dem Hard-Rock-Café-Business. De Stamm huet sech bis elo mat geneeë Chifferen zeréckgehalen, ma de Forbes-Magazin huet 2016 geschat, dass all Member vu Gebuert un ronn 128'000 Dollar pro Joer kritt. Domat wier e schonn am Alter vun 8 Joer Millionär.
