
Wéi déi brittesch Noriichtenagence PA mellt, waren d’Produiten awer nach virun e puer Deeg online ze gesinn. Zum Verkaf goufen ënnert anerem Kaffistasen, Kanen an Telleren als Undenken un den 19. Mee 2018 zu Winsdor ugebueden, wou si sech d’Jo-Wuert ginn hunn. Ob dëst gewollt ass? Doriwwer scheede sech den Ament d’Geeschter.
Enger Spriecherin vun der “Royal Collection” no wieren d’Souveniren ausverkaf, et géing keen anere Grond dohannert stiechen: “Vill aus dem Porzeläin-Sortiment vun der ‘Royal Collection’ gëtt just fir e bestëmmten Ulass produzéiert a gëtt dowéinst och just fir begrenzten Zäit verkaf.”
