
Op enger Yacht am Golf vun Neapel hu si sech d’Jo-Wuert ginn. Fir d’Heidi Klum ass et déi drëtten Hochzäit, fir den Tom Kaulitz déi Zweeten. Eng Confirmatioun vun der Hochzäit huet d’Heidi Klum, elo Kaulitz, duerch e Post e Méindeg de Mëtteg op Facebook ginn.
D’Luxus-Yackt “Christina O” soll extra ofgeséchert gewiescht sinn: Grouss Dicher hu si an d’Gäscht viru Blécker geschützt a géint d’Drone goufe Sender agesat, déi hir Frequenz gestéiert hunn. Der Bild-Zeitung no soll de Brudder vum Bräitchemann Bill Kaulitz d’Zeremonie geleet hunn, d’Gäscht hätten hire Journaliste gesot, datt et eng “weltlech Zeremonie” war an datt de Kaulitz seng Saach gutt gemaach hätt.
Den Tom Kaulitz hat e wäisse Kostüm un an d’Heidi Klum e Brautkleed ouni Schëlleren.
Béid hu sech am Virfeld bedeckt gehalen, wat d’Hochzäit ugeet, ma d’Klum hat scho viru Wochen ugedeit, datt et net méi laang kéint daueren. Via Instagram hat d’Klum geschriwwen: “Ich kann es nicht erwarten” mat engem Emoji vun enger Braut. Dëst ënnert enger Foto vun hir an hirem neie Mann.