
De Buergermeeschter vun Tisdale ass den 31. Juli grad mam Auto ënnerwee, wou e gesäit, dass matten an der Stad op engem Parking en Helikopter gelant huet. Hien denkt sech direkt, dass iergendeppes geschitt ass an en Rettungshelikopter geruff gouf, wou eng Fra erausklëmmt an sech op de Wee an e Fast-Food-Restaurant mëscht. Kuerz drop kennt d’Fra mat engem Stéck Kuch an der Hand rëm raus a klëmmt zeréck bei de Pilot an den Helikopter.
Fir de Pilot gëtt et en deiert Stéck Kuch, hien krut eng Plainte.
De 34 Joer ale Mann huet zwar eng gülteg Lizenz fir dësen Helikopter ze fléien, hätt awer net dierften ouni noutgedrongene Grond matten an der Stad landen.
Duerch d’Landung gouf immens vill Dreck a Stepps opgewirbelt. Doduerch dass de Parking awer zu dem Zäitpunkt eidel war, koum keng Persoun zu Schuet.