DäitschlandHelikopter vun der Bundeswehr bréngt Blumme bei Verloobten

RTL Lëtzebuerg
An engem Duerf am Sauerland hu se net schlecht gestaunt, wéi een Helikopter vun der Bundeswehr déif geflunn ass an dobäi ee wäisse Pak verluer huet.
© AFP Archiv

Der Police no huet et wéi eng “geplangten Iwwergab” ausgesinn, war awer am Fong ee romantesche Geste vun engem verléiften Zaldot. De 44 Joer ale Member vun der däitscher Bundeswehr wollt senger Verloobten eng extra Iwwerraschung maachen.

Mat engem Pilot um Steier ass en am Déiffluch iwwer d’Duerf an Nordrhein-Westfale geflunn, fir der Verloobten esou ee Pak mat Blummen ze iwwerbréngen, sou de WDR. Temoignagen aus dem Duerf no wier den Helikopter just 5 bis 10 Meter iwwert dem Buedem gewiescht.

Dës gutt gemengten Iwwerraschung fir d’Frëndin kéint awer elo zu enger béiser Iwwerraschung fir de Mann vun der Bundeswehr ginn. D’Police ermëttelt no där Aktioun géint hie wéinst engem méigleche Verstouss géint d’Loftverkéiergesetz.

Back to Top
CIM LOGO