Wéi a Corona-Zäiten eng Iddi entstanen ass, déi elo lues a lues Form hëlt. “White Lions” nennt déi nei Ekipp sech.
Wéinst der Pandemie hu vill Jonker nees zesummefonnt a wollten einfach nees aktiv ginn. No eng an engem hallwe Joer doheem sëtzen, koum hinne beim Computer spillen d’Iddi. Esou gouf eng nei Futtballekipp an d’Liewe geruff. Der Ekipp hiert Ziel ass kloer, net nëmme sech selwer beschäftegen, mee och jidderengem eng Chance ze bidden an dëser Sportaart. Einfach war et net fir d’White Lions, och an der Beruffswelt hu se edukativ eppes dobäigeléiert, wéi een eng Futtballekipp op d’Been stellt, mat alle Paperassen, déi een dofir brauch. Einfach war et net fir si, wéi se en Trainer hu misse fannen. Deen hu se elo awer, de Christian Pott ënnerschreift mat hinnen en Kontrakt fir 3 Joer. Den Training ass den Ament zu Éinen um Terrain. De Christian huet sech bereet erkläert, fir de Projet ze ënnerstëtzen an huet hinnen en haarden Trainingsprogramm opgestallt.
Esou ganz niewelaanscht sammelt d’Ekipp den Ament och nach gebrauchten Trikoten, déi sollen elo an den Togo goen, fir de Kanner och do Spaass um Futtball ze erméiglechen.