Flexibilitéit vun allen Acteure gefrotHochzäiten a Corona-Zäite kaum méiglech

Patricia Baum
Den Ament gi wéinst der sanitärer Kris keng gréisser Evenementer organiséiert an esou och keng Hochzäiten.
Hochzäiten a Corona-Zäiten kaum méiglech
Den Ament gi wéinst der sanitärer Kris keng gréisser Evenementer organiséiert an esou och keng Hochzäiten.

Mam Fréijoer fänkt normalerweis all Joers d’Hochzäitssaison un, ma de ganze Secteur ass och elo an der Kris a steet virun enger grousser finanzieller, ma awer och organisatorescher Erausfuerderung. Niewent de betraffene Koppelen hänken nämlech hei ganz vill professionell Acteuren a Betriber un der Organisatioun vun eleng engem eenzegen Hochzäitsdag.

Eng Koppel aus Südafrika huet hir Hochzäit wéinst dem Coronavirus missen ofsoen. Ma de Mann huet senger zukünfteger Fra trotzdeem en onvergiesslechen Dag doheem geschenkt an eng Corona–frëndlech Zeremonie op d’Bee gestallt.

Eng Realitéit, déi den Ament vill Leit op der ganzer Welt betrëfft.

Zanter 2016 gëtt et de Schengener Haff, eng Event Location matten am Häerz vun Europa. Pro Joer sinn hei 70-80 Prozent vun den Evenementer Hochzäiten. D’Haus steet virun allem fir seng Qualitéit an awer och fir e kompletten inhouse Service. D’Gérante Stéphanie Reuter an de Kichechef Christophe Prosperi këmmere sech zesummen ëm de komplette Service vun de Clienten. Vun der Organisatioun, Catering, Dekoratioun an Oflaf. Ma elo am Mäerz wier hir Hochzäitssaison erëm richteg lassgaangen. Am Ganzen hu si elo scho misse bal 30 Eventer verleeën oder ofsoen. Déi finanziell Belaaschtung ass grouss an och organisatoresch mussen elo warscheinlech déi eng oder aner Kompromësser gemaach ginn. Vill verschidde Beruffer hänken eleng un enger Hochzäit mat drun a spillen eng wichteg Roll.

Beléiften Hochzäitslocations si séier ausgebucht an d’Kris mécht d’Situatioun elo net méi einfach. Och de Schengener Haff war bei sengem Planning am Fong schonn am Joer 2022 ukomm.

Flexibel hunn och missen d’Sandra an de Franceso sinn. D’Koppel ass zënter 8 Joer zesummen an den 18. Mäerz sollte si op der Gemeng bestuet ginn, dat mat Famill a Frënn.

Mat engem klenge Geste hunn hir Frënn awer trotzdeem u si geduecht, fir e bëssen Trouscht ze schenken.

Laut den neie Reglementatiounen dierfen den Ament just Hochzäiten op de Gemengen organiséiert ginn, mat maximal 20 Leit an dem Sécherheetsofstand vun 2 Meter dee muss agehale ginn.

D’Hochzäitsfeiere goufen net spezifesch ernimmt, ma déi falen awer ënnert esou vill verschidde Voleten, datt et onméiglech ass, iwwerhaapt eng Hochzäitsfeier ënnert de momentane Konditiounen duerchzezéien. Fir am Juli haten d’Sandra an de Franceso hir grouss Hochzäitsfeier mat 150 Invitéen geplangt, ma och déi hu si elo ofgesot an op d’nächst Joer verluecht.

Domat awer net genuch, am August ass nach eng zweet Feier an Italien geplangt, fir och grouss mat der italienescher Famill ze feieren.

Eng grouss Ongewëssheet schwieft den Ament iwwert de Koppelen an de Betriber. Am Secteur ginn et vill Beruffer, deenen hiert Joresakommes vill oder nëmme vun Hochzäiten ofhänkt. Sou och beim Sandrine Bahuon, si ass Wedding-Plannerin an Designerin a lieft a Frankräich. Mat hiren zwou Entreprisë Lovely Instants an Grenier Vintage këmmert si sech engersäits ëm de ganze Planning vun enger Hochzäit an op där anerer Säit ëm d’Locatioun a Vente vu Vintage-Dekoratiounen. Si schafft vill hei zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, ma awer och international, wéi zum Beispill a Portugal oder Italien.

Och wann nach net gewosst ass, wéi et an den nächste Wochen a Méint virugeet, eng grouss Flexibilitéit ass elo vun all eenzelem Acteur gefrot, well eppes ass kloer, déi meescht Betriber an Independantë kënnen et sech finanziell net erlaben, eng schlecht bis net existent Hochzäitssaison ze hunn.

Et heescht also vill Gedold an Nerven ze behalen, fir datt den Hochzäitsdag da schlussendlech wierklech de schéinsten Dag am Liewe gëtt.

Back to Top
CIM LOGO