Mam Elektro-AutoHollänner no 3 Joer an Australien ukomm

RTL Lëtzebuerg
No enger exzeptioneller Rees vu Ganzer 3 Joer ass den Wiebe Wakker e Sonndeg mat sengem Elektro-Auto an Australien ukomm.
© AFP

De Wiebe Wakker hat et sech selwer als Zil gesat, déi längste Rees mat engem E-Auto ze maachen, déi e Mënsch bis ewell fäerdeg bruecht hat. Dofir hat hie via en Internet-Site Done gesammelt. Dat Ganzt soll eng Promotioun fir d’Elektromobilitéit sinn.

Just ëmgerechent 267 Euro hätt déi ganz Rees a sengem Auto “The Blue Bandit” hien u Stroumkäschten kascht.

De 15. Mäerz 2016 ass d’Rees lassgaangen. Duerch 33 Länner ass hie zanterhier gefuer an néirens hätt et e Problem gehat, fir säin Akku opzelueden, sou de Wiebe Wakker e Sonndeg de Moien no senger Arrivée zu Sydney.

Bal 7.000 Liter Bensin wieren iwwregens néideg gewiescht, fir déi Rees mat engem normalen Auto ze maachen. Dem Wiebe Wakker säin ëmgebaute Modell mat enger Charge 200 Kilometer zeréckleeën, am meeschte verbraucht hätt hien awer am Outback.

De “Plug Me In” Projet vum Wiebe Wakker
Plug Me In op Facebook
Plug Me In op Instagram

Back to Top
CIM LOGO