
D’Home Expo, dat heescht déi fréier Hieschtfoire, zesumme mat der Woch vum Logement, markéieren den Optakt vun enger neier Normalitéit, wéi déi Responsabel vun der Luxexpo e Mëttwoch matdeelen. Dozou géifen eng Rei Mesurë gehéieren, wéi méi breet Ofstänn, Kontrolle wéi vill Leit eragelooss ginn, gereegelt Visiteursfluxen, genee wéi e breet ugeluechten Hygiènes- a Sécherheetskonzept. D’Home Expo ass vum 10. bis den 18. Oktober.
Hei fannt Dir de Communiqué: