
De Summer steet virun der Dier an dat heescht fir vill Leit ze verreesen. Dacks geet et an de Süden, am beschten an d’Sonn an un d’Mier oder un de Séi.
Ma op engem tschecheschen FKK-Baggerwéier sinn der Police Gäscht um Bord vum Séi opgefall, déi an der ablécklecher Zäit vun der Corona-Kris, plakeg, ma ouni Schutz virum Mond ënnerwee maachen - an dësen Zäiten en absolutten No-go, huet déi Tschechesch Republik zanter Ufank Mäerz dach eng Mondschutzflicht.
Kuerzer Hand kruten déi concernéiert Leit e Protokoll ausgestallt a mussen elo an nächster Zäit beim Besuch vun der Plage e Mondschutz undoen. Vill Manner Infraktiounen an deem Sënn goufen doropshin iwwer d’Ouschterfeierdeeg um Séi ronderëm d’Stad Lazne Bohdanec notéiert.
Gëtt de Mondschutz feste Bestanddeel vum Summer 2020?
Wa jo, kënnen aner Nudisten, déi gären FKK-Plagë besichen, wuel net komplett op eng onageschränkte Beweegungsfräiheet zeréckgräifen. Et kann nämlech gutt sinn, datt si dann zwar vun ënne bis uewe plakeg sinn, ma de Mondschutz awer musse fir de Schutz vun der Allgemengheet droen.
Affaire à suivre ...