Méi fréi doheem raus"Hotel Mamma" huet kee Succès bei jonke Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerger plënneren duerchschnëttlech méi fréi bei den Elteren eraus wéi dat am Rescht vun Europa de Fall ass.
© Eurostat

Am Kader vum “International Youth Day” huet Eurostat ënnersicht, a wéi engem Alter d’Kanner hir Eltere verloossen. D’Lëtzebuerger schéngen do relativ presséiert am Verglach zum europäeschen Duerchschnëtt.

Jonker verloossen hiert Elterenhaus hei am Land am Alter vun 19,8 Joer. Just a Schweden ass een do nach méi frei u mat 17,5 Joer. An Europa läit d’Moyenne bei engem Alter vu 26,4 Joer.

A Süd-Europa bleiwe Jonker méi laang bei hiren Elteren. A Malta an Italien verloosse si hiert Elterenhaus an der Moyenne réischt mat 30,2 Joer. Spëtzereider ass awer Kroatien. Hei kënnt déi éischt eege Wunneng réischt mat 32,4 Joer op een duer.

© Eurostat

Och d’Geschlecht seet eppes doriwwer aus, wéini ee säin Elterenhaus verléisst. Sou si Fraen éischter gewëllt eegestänneg ze gi wéi Männer. An Europa plënnere Fraen an der Moyenne am Alter vu 25,4 Joer doheem raus, bei de Männer dauert dat ganzer 2 Joer méi laang. Zu Lëtzebuerg ass dee Geschlechter-Ënnerscheed mat 0,4 Joer awer relativ geréng. Méi grouss ass déi Differenz a Rumänien (4,5 Joer) an a Bulgarien (4,2 Joer).

© Eurostat

Back to Top
CIM LOGO