Wat den Ament nach beim Frank Schumacher u Literen an de Fässer läit, huet eventuell eng gréisser Rees viru sech.
Dëse Wäin, dee soss bei Wäiprouwen ugebuede gëtt, fënnt elo de Wee bei Iech heem. Ier de Frank awer bei Iech doheem un der Dier schellt, feelen nach eng Partie Prozeduren, bei där dem Frank seng Schwëster d’Martine hëlleft, fir de Wäin emol ëmzefëllen. Duerno kommen Etiketten drop, dass ee weess, wat ee schmaacht.
D’Auswiel un de Wäiner ass grouss, déi een ugebuede kritt, déi 2 wollten hir Clientë mat op eng Rees vun ënnerschiddleche Goûten huelen, fir dass jiddereen eppes fënnt, wat him schmaacht.
D’Martine an de Frank stieche vill Energie an hire Projet, schonn eleng beim Perimeter ginn et bal keng Limitten, wat d’Kilometere bei der Liwwerung betrëfft. De Frank liwwert héchstperséinlech a fir hien ass kee Wee ze wäit.
De Pit an d’Anouk hu sech esou e Set beim Frank bestallt, ma eleng degustéiere se de Wäin awer net , Kolleege vun hinne sëtzen doheem a sinn per Audio/Video zougeschalt.
Verdéngen deet de Frank praktesch näischt drop. Hien erhofft sech éischter nei Clienten domat. Mat engem Präis vun 20 Euro fir seng Degustatioun. Kritt een ëmmerhin nach en Akafsbong bei him am Wäert vu 15 Euro dobäi, eng éischter clever Geschäftsiddi.