
Zanter Enn Mäerz huet Indien déi weltwäit gréissten Ausgangsspär verhaangen, fir 1,3 Milliounen Inder. Antëscht ginn et wäit iwwer 3.000 positiv Infektiounen. An an där schwiereger Situatioun kommen natierlech och Kanner op d’Welt.
Eng Koppel huet dës Situatioun genotzt, fir d’Nimm vun hiren Zwillingen ze designéieren. Si heesche Covid a Corona.
D’Mamm huet den indesche Medien erkläert, dass d’Gebuert ënner schwieregen Ëmstänn war. Deen Dag hätte si an hire Mann sech wëlle ganz besonnesch an Erënnerung behalen a si hätte ganz laang iwwer d’Nimm nogeduecht. Wéi d’Leit am Spidol ugefaangen hätten hir Kanner aus Spaass Covid a Corona ze nennen, huet d’Koppel sech geduecht, ma wisou eigentlech net.