
Par Rapport zu 2019 ass d’Zäit, déi d’Leit virum Ecran, dem Handy oder dem Computer verbruecht hunn, ëm 46% an d’Luucht gaangen. Och d’Zäit, déi d’Leit um Telefon verbruecht hunn, ass ëm 47% par Rapport zu zejoert geklommen.
Dräivéierel vun de Fransousen, also 46,4 Milliounen, waren all Dag wärend dem Confinement un den Internet connectéiert. Dat ass e Plus vun 1,5 Milliounen Utilisateuren am Verglach zum Mount Abrëll 2019.
Vun där Hausse profitéiere virun allem d’US-Internet-Giganten. Google, Facebook, Youtube an Amazon gehéieren zu de Sitten, déi am heefegste besicht goufen.