Kéisfondue, Burrito, PiñataiPhone & Co kréien 117 nei Emojien

RTL Lëtzebuerg
Endlech goufe se presentéiert... iwwer 100 nei Emojien, op déi deen een oder anere mat Sécherheet schonn eng Zäitche gewaart huet.
© Emojipedia

Kommunizéieren ouni Emojien ass fir vill Leit eng Saach vun der Onméiglechkeet ginn. Op der enger Säit vereinfache se d’Messagen, well Emotioune mat engem eenzege Bild kënnen duergestallt ginn. Op der anerer Säit entstinn duerch dës Erfindung vill Mëssverständnesser. Vergësst ee sengem Frënd oder senger Frëndin mol en Häerz ze schécken, mécht sech de Partner direkt Suergen ëm d’Bezéiung...

Praktesch ass awer virun allem d’Funktioun, dass laang a komplizéiert Wierder duerch een eenzegt Bild kënnen ersat ginn an een op spilleresch Manéier mat senge Kolleegen an der Famill kommunizéiere kann. Aus deem Grond dierft et vill Smartphone-Notzer interesséieren, dass viraussiichtlech an der zweeter Hallschecht vum Joer 2020 iwwer 100 nei Emojie sollen an de System integréiert ginn. An do dierft fir all Goût eppes dobäi sinn.

A punkto Iesse kann een an Zukunft Kéisfondue, Oliven, Burritoen oder Paprikae verschécken. Bei den Déiere sinn d’Robb, Mammut, Äisbier, Dodo oder eng Rëtsch Insekten nei. Och Géigestänn aus dem Haushalt kommen net ze kuerz: dat weisen d’Mausfal, Zännbiischt oder de Bëmpel. Ganz kreativ waren d’Entwéckler bei der Matroschka, Piñata oder dem Bumerang. En Emoji, dee virum allem d’Italiener freeën dierft, ass de berüümten Handgest, deen een net just aus Filmer kennt, mä deen een och a Wierklechkeet bei villen Italiener am Alldag gesäit.

Opgestockt gëtt och bei genderneutrale Biller. Dorënner zum Beispill den Transgender-Fändel an de Faarwe rosa, blo a wäiss, e Mann an engem Brautrack, wéi och eng Fra an engem Kostüm. Mat dësen Emojie solle sech déi Persounen identifizéiere kënnen, déi net an d’Schema vun der binärer Geschlechterzouuerderung vu Mann a Fra passen.

Back to Top
CIM LOGO