
Net méi spéit wéi e Mëttwoch huet de Premier Xavier Bettel e weidere Point zu der Situatioun am Grand-Duché gemaach an do nach eemol betount, wéi wichteg et ass doheem ze bleiwen.
An Éisträich gëtt et schonn zanter e puer Deeg eng méi restriktiv Ausgangsspär. Grond genuch fir de Charly Schwarz, e Lëtzebuerger Student zu Innsbruck, 10 Saachen, déi een a Quarantän ka maachen, a Form vun engem Video, kreativ opzegräifen.
Isolatioun schéngt deemno d’Kreativitéit bei munchen ze steigeren, esou zirkuléieren op de soziale Reseauen an de leschten Deeg déi sougenannte #StayAtHomeChallenge an aner Spiichten. D’Leit loosse sech vereenzelt witzeg Aktiounen afalen, fir sech esou d’Zäit an Isolatioun e bëssen ze verséissen.
Filmer a Musek op italieneschen Terrassen
Futtballspiller jongléiere mat Toilettëpabeier-Rulloen an anere Géigestänn
De Lëtzebuerger Futtball-Freestyler Sven Fielitz weist, wat e kann
Sou kann ee sech och ameséieren
Eng Ronn Badminton mam Noper spillen
Den amerikanesche Komiker Jimmy Fallon séngt “Wash your hands”
Den Thomas Müller botzt de Kanéngerchersstall
De Profi vum FC Bayern schéngt net just futtballeresch talentéiert ze sinn
De Lëtzebuerger Schwëmmer Raphaël Stacchiotti profitéiert iwwerdeems vun der Rou, fir iwwert säin Nowuess ze beriichten