Tennis am LockdownItalienesch Spillerinnen hunn e Wee fonnt: Daachtennis

RTL Lëtzebuerg
Och an Italien si wéinst dem Lockdown Sportinfrastrukturen zou. 2 jonk Tennisspillerinnen hu sech eppes afale gelooss, fir weider Tennis ze spillen.

D’Vittoria Oliveri (13 Joer) an d’Carola Pessina (11 Joer) hunn et mat Daachtennis probéiert. Si hu sech ganz einfach d’Bäll vun Hausdaach zu Hausdaach zougespillt.

Sport am Lockdown mat Daachtennis
An Italien hunn 2 jonk Meedercher e Wee fonnt, ze trainéieren.

Dat Ganzt gouf gefilmt. De Video ass entstanen nodeems den Trainer vum Tennisveräin an der norditalienescher Uertschaft Finale Ligure gesot huet, d’Spiller an Spillerinne sollen him Videoe schécken, wéi si trainéieren.

Back to Top
CIM LOGO