
Iwwert eng Zomm vun am Ganzen 28.601.720,00 Euro dierf sech eng Persoun freeën, déi hire Lous zu Lëtzebuerg kaf huet, mat 5 richtegen Zuelen an 2 Stären. Dat steet um offizielle Site vun Euro Millions.
Dëst ass net déi éischte Kéier, dass e Mënsch zu Lëtzebuerg bei Euro Millions esou ee Batz Geld gewonnen huet. Den 9. Januar 2015 war eng Persoun ganzer 31 Milliounen Euro méi räich ginn an de 27. September 2013 waren et esouguer 65 Milliounen fir ee gléckleche Gewënner.
5 Schäiner hate 5 richteg Zuelen an 1 richtege Stär. Domat hu si 212.161,00 Euro gewonnen.
12 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet nach duer, fir méi wéi 20.500 Euro ze gewannen.

Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie
Fir d’Zéiung vum 28. Januar 2020 si 17 Milliounen Euro am Jackpot.