Keng Steckdous fonnt?Iwwerfall mat Püréierstaf zu Hamm (D) goung an d'Box

RTL Lëtzebuerg
Eng maskéiert Fra wollt en Dënschdeg am westfäleschen Hamm eng Spillhal iwwerfalen - mat engem Püréierstaf. Dat potenziellt Affer war wéineg beandrockt.
© Wikipedia

Déi éischt Fro, déi ee sech bei dëser Aart Iwwerfall stellt: War et en elektresche Püréierstaf oder mat Batterie bedriwwen? U sech misst jo kloer sinn, dass dës Aart a Weis u Suen ze kommen, nëmme ka schif goen.

Déi onbekannte Fra hat de Mataarbechter vun der Spillhal mam Kichenapparat menacéiert an op englesch no de Suen an der Kees gefrot. De 56 Joer ale Mann, deen hannert der Théik stoung war net beandrockt, hien huet der Fra de Püréierstaf aus der Hand geholl, deen an engem schwaarze Sak dra war. Duerno huet hien d’Fra och nach aus der Hal gehäit.

Déi onbekannte maskéiert Täterin ass geflücht.

Back to Top
CIM LOGO