Schrëftstellerin vun Harry PotterJ.K. Rowling: ëmstridden Tweets iwwer Transgender-Fraen

RTL Lëtzebuerg
D'Schrëftstellerin steet an de soziale Medien an der Kritik. Hir gëtt virgeworf, si hätt de Geck mat Transgender-Leit gemaach. Dat net déi éischte Kéier.

Ugefaangen huet d’Polemik mat engem Tweet. D’Schrëftstellerin huet de 6. Juni op Twitter een Artikel kommentéiert, an deem Fraen als “Mënschen, déi menstruéieren” ëmschriwwe goufen. D’J.K. Rowling huet doropshin, wéi een am Tweet gesäit, sarkastesch geschriwwen: “Fir déi Leit gouf et dach emol een Numm”. Si huet dunn net dat englescht Wuert “women” benotzt, mä de Begrëff verdréint: “Wumben? Wimpund? Woomud?”

An de sozialen Netzwierker gëtt si zanterhier staark vun der Transgender-Communautéit kritiséiert. Si géif wëllen de Geck iwwer dës geschlechtlech Identitéite maachen. Transgender-Frae wieren zum Beispill Fraen, och wa si an engem biologesch männleche Kierper gebuer wieren an dofir net menstruéiere géifen. Transgender-Männer, déi an engem biologesch weibleche Kierper gebuer goufen, hätten oder géife menstruéieren, wieren awer Männer a keng Fraen. Och non-binär Mënschen, déi sech net weder als Fra nach als Mann fillen, hu sech ugegraff gefillt.

Verschidde Leit hunn der Brittin awer och Recht ginn. Si selwer rechtfäerdegt sech an hiren nächsten Tweets: si hätt hir Meenung, dat géif awer net heeschen, datt si net iwwert dëst Thema Bescheed weess.

Schauspiller, wéi den Harry-Potter-Star Daniel Redcliffe, hu sech vun den Tweets distanzéiert a sech souguer fir d’Schrëftstellerin entschëllegt.

Rezent huet d’Auterin sech mat engem laangen Text wëllen erklären. An deem steet, si wier eng “Iwwerliewend” vun haislecher a sexueller Gewalt an hätt dofir selwer eng “komplex Virgeschicht” mat Sexualitéit an Gender. Och wa si mat verschiddenen Deeler vun der Transgender-Communautéit net averstane wier, wéilt si sech fir Fraen an Transgender-Fraen asetzen.

D’J.K. Rowling stoung schonn an der Kritik, ënnert anerem, wéi si 2019 eng Fra verdeedegt huet, déi wéinst transphoben Aussoen hir Aarbecht verluer huet. Deemools huet si getweet, datt “Männer net zu Fra kéinte ginn”.

Back to Top
CIM LOGO