New YorkJackett vum Kurt Cobain ass fir 300.000 Euro versteet ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat ass deen héchste Präis, dee jee bei enger Stee fir en ähnlecht Stéck bezuelt ginn ass.
© AFP

Et ass eng verwäschen olivegréng Jackett, déi de Sänger vun Nirvana 1993, fënnef Méint viru sengem Doud bei enger “Unplugged"-Session vum Museksender MTV, unhat.

Am Ganze goufe 700 Objete vu Kënschtler versteet, dorënner och Souvenire vum Elvis Presley, Janis Joplin, de Beatles, dem Michael Jackson oder Queen.

Mat am Präis mat dran ass dann och e grousst Brandlach.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO