
5 richteg Zuelen an 2 Stären hat dës Kéier keen, dofir haten awer direkt 2 Persoune 5 richteg Zuelen an 1 Stär an déi gewannen domat 228.917,40 Euro.
4 weider Persounen hate 5 richteg Zuelen, dofir awer kee Stär, dat ass nach duergaangen, fir iwwer 26.750,80 Euro ze kréien.
Fir d’Zéiung vum 19. Juni 2020 si viraussiichtlech 28 Milliounen Euro am Jackpot.