
5 richteg Zuelen an 2 Stären hat och dës Kéier keen. Domadder ass den Jackpot vu ronn 30 Milliounen Euro e Freideg den Owend net erausgaangen.
3 Persounen hate 5 Zuelen an 1 Stär richteg, si kënne sech iwwer ronn 230.000 Euro freeën.
2 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet duer, fir ronn 81.000 Euro ze gewannen.
Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie
Fir d’Zéiung vum 10. Mäerz 2020 si viraussiichtlech 40 Milliounen Euro am Jackpot.