
5 richteg Zuelen an 2 Stären hat och dës Kéier keen. Domadder ass den Jackpot vu ronn 40 Milliounen Euro en Dënschdeg den Owend net erausgaangen.
4 Persounen hate 5 Zuelen an 1 Stär richteg, si kënne sech iwwer ronn 130.000 Euro freeën.
11 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet duer, fir ronn 11.000 Euro ze gewannen.
Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie
Fir d’Zéiung vum 13. Mäerz 2020 si viraussiichtlech 54 Milliounen Euro am Jackpot.