Euro MillionsJackpot net geknackt, 2 Persoune wanne ronn 262.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 18. Februar 2020 sinn: 11 / 32 / 34 / 38 / 47 mat de Stären 2 an 10.

5 richteg Zuelen an 2 Stären hat dës Kéier keng Persoun. Domadder ass den Jackpot en Dënschdeg den Owend net erausgaangen.
Dofir haten awer 2 Persoune 5 Zuelen an 1 Stär richteg, si kënne sech iwwer ronn 262.000 Euro freeën.

3 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet duer fir ronn 40.800 Euro ze gewannen.

Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie

Fir d’Zéiung vum 21. Februar 2020 si viraussiichtlech 41 Milliounen Euro am Jackpot.

Back to Top
CIM LOGO