
5 richteg Zuelen an 2 Stären hat dës Kéier keng Persoun. Domadder ass den Jackpot e Freideg den Owend net erausgaangen.
Dofir haten awer 3 Persoune 5 Zuelen an 1 Stär richteg, si kënne sech iwwer ronn 244.000 Euro freeën.
6 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet duer fir ronn 28.500 Euro ze gewannen.
Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie
Fir d’Zéiung vum 18. Februar 2020 si viraussiichtlech 27 Milliounen Euro am Jackpot.