Euro MillionsJackpot net geknackt, ma 12 Persoune wannen iwwer 90.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 31. Januar 2020 sinn: 13 / 18 / 20 / 23 / 30 mat de Stäre 2 an 4.

5 richteg Zuelen an 2 Stären hat dës Kéier keen.

Dofir haten awer direkt 12 Persoune 5 richteg Zuelen an 1 richtege Stär. Domat hu si 90.934,60 € gewonnen.

18 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet nach duer fir ronn 14.000 € ze gewannen.

Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie

Fir d’Zéiung vum 4. Februar 2020 si viraussiichtlech 38 Milliounen Euro am Jackpot.

Back to Top
CIM LOGO