Euro MillionsJackpot vun 130 Milliounen Euro geknackt

RTL Lëtzebuerg
D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 7. Februar 2020 sinn: 9 / 15 / 17 / 25 / 40 mat de Stäre 3 a 9.

5 richteg Zuelen an 2 Stären hat dës Kéier 1 Persoun. Domadder ass den Jackpot vun 130 Milliounen e Freideg den Owend erausgaangen.

Donieft haten 10 Persoune 5 Zuelen an 1 Stär richteg, si kënn sech ëmmerhin nach iwwer 130.000 Euro freeën.

21 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet nach duer fir ronn 15.500 € ze gewannen.

Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie

Fir d’Zéiung vum 11. Februar 2020 si viraussiichtlech 17 Milliounen Euro am Jackpot.

Back to Top
CIM LOGO