
Den Jackpot ass geknackt ginn an dat a Spuenien. Deemno ka sech do eng Persoun iwwer 51 Milliounen Euro freeën.
5 richteg Zuelen an 1 Stär haten 2 weider Persounen. Déi gewanne jeeweils 337.141,50 Euro. 3 Persounen hate 5 Zuele richteg a kee Stär a kënne sech nach iwwer ronn 52.000 Euro freeën.
Fir d’Zéiung vum 16. Juni 2020 si viraussiichtlech 17 Milliounen Euro am Jackpot.