
D’Westjet-Maschinn war ënnerwee op engem 4-Stonne-Vol op Jamaika a war e Méindeg wéi engem “schwierege Passagéier” nees ëmgedréint. De jonke Mann ass an der Hallschent vum Vol op eemol opgestanen an huet behaapt huet sech mam Coronavirus infizéiert ze hunn.
Aenzeien hunn duerno ausgesot, de Mann hätt wärend senger Ausso mam Handy Fotoe vu sech gemaach. Fluchbegleeder hunn him eng Mask an Händsche ginn an en opgefuerdert an den hënneschten Deel vum Fliger sëtzen ze goen.
De Fliger huet doropshin Demi-tour gemaach an ass op Toronto geflunn. Do goufe sämtlech Leit vun der Police a Gesondheetsbeamten empfaangen. Den 29 Joer ale Mann gouf spéider festgeholl a gëtt ugeklot. De Fliger ass en Dag méi spéit ouni hien nees a Richtung Jamaika geflunn.