De Jan Berlo ass am falsche Kierper op d’Welt komm. En Donneschdeg den Owend ass op RTL den Documentaire gelaf, deen de Wee weist, wéi aus him e Mann gouf. 2016 war säi Coming-Out bei der Famill a schonn 3 Méint méi spéit war et am Februar 2017 den éischte Rendez-vous beim Psycholog. Mëtt Februar beim Psychiater an nees 2 Woche méi spéit beim Endokrinolog. An du goung alles ganz séier. De 17. Mäerz krut hien déi éischte Kéier Testosteron an am September 2019 koum hien als komplette Mann aus der Klinik zu Reinbek eraus.
De Ken Melo brauch de Public. Am Improvisatiounstheater, mam Kampfsport oder am Film. Enn dës Jores geet et op LA op de Spuere vum Robert de Niro a Marlon Brando. Mat senger Statur keeft een him vill Rollen of an och als Fotomodel mécht hien eng gutt Figur. Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och zu Paräis huet hie seng éischt Schrëtt vir an hanner der Kamera gemaach als Acteur, Scénarist a Realisateur. Mat gymnastescher Akrobatik an Danz hält hie sech fit a praktizéiert Shaolin Kung-fu a Wing Chun. Säin aktuellt Wierk ass en Hommage un de Film “Goodfellas”.
De Jo Daems gehéiert zu enger Ekipp vu 7 Kolleegen, déi fir Trisomie 21 eng Alpewanderung gemaach hunn. Zil ass et, en innovative Restaurant op Lëtzebuerg ze bréngen. 7 Deeg goung et vun Oberstdorf an Däitschland bis op Meran an Italien. Nieft der perséinlecher Challenge, fir 8.386 positiv an 8.192 negativ Héichtemeter ze maachen, goung et drëms, Suen ze sammelen an op déi super Aarbecht vun Trisomie 21 opmierksam ze maachen, déi e Projet hunn, fir d’Potential vu Persoune mat Trisomie 21 am besonneschen am Secteur vun der Restauratioun ervirzehiewen. An aner Challengë si geplangt, natierlech ze Fouss.