
Ob Plastik, Woll oder Händsche vum Chantier: de Koji Ishii huet se scho bal all eng Kéier fotographéiert. Gesäit de Japaner eng Händsch um Buedem leien, da muss hien dohinner goen a se fotographéieren. Den Hobby wier souguer eppes wéi ee Fluch, well hien ëmmer misst kucken a fäerten, datt hannert engem Eck géif eng Händsch leien.

Wéi hie fir d’éischt d’Iddi 2004 krut, eng Händsch ze fotographéieren, wier et eng bal iwwernatierlech Experienz gewiescht, wéi wann ee Blëtz hie getraff hätt. Zanterhier dokumentéiert hie fläisseg Händschen, seng Fra a seng Kanner toleréieren dëse kuriéisen Hobby a soen him souguer Bescheed, wa si eng gesinn. Bis ewell huet hien iwwer 5.000 Biller an huet souguer ee Buch mat de schéinste Fotoen erausbruecht.
Op der ganzer Welt ginn et Leit, déi dësen Hobby mam Japaner deelen. Op der soziale Medie ginn et Säite voll där Fotoen.
Fir de Kohi Ishii ass et d’Geschicht hannert der Händsch, déi hie faszinéiert. Deemno wéi eng Händsch et ass, engem Kand seng, engem Medezinner seng, eng Händsch vun der Baustell, denkt hie sech eng aner Geschicht dozou aus. Et wier interessant, sech ze iwwerleeën, wéi een déi eng oder déi aner Händsch verléiere kéint. Munchmol geet hien och zréck op d’Plazen, wou hien Händsche fonnt huet a kuckt, ob se nach do ass an ob sech eppes an der Landschaft verännert huet.