Mat 76 JoerJapaneschen Designer Kansai Yamamoto u Leukemie gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Hie war de Pionéier an der japanescher Moude-Industrie a gouf ënner anerem fir seng Entwërf fir de Popstar David Bowie bekannt.
© AFP

Seng Duechter, d’Schauspillerin Mirai Yamamoto, huet e Méindeg op Instagram matgedeelt, dass hire Papp gestuerwe wier.

Den Designer huet an de 70er Joren mat senger faarweger Avantgarde-Moud d’Geschlechtergrenz iwwerschratt an heefeg Elementer aus der japanescher Kultur opgegraff.

Fir den David Bowie, respektiv Ziggy Stardust huet de Yamamoto eng Rei Outfits entworf. “Ech fannen dem David seng Ästhetik a säin Interessi, Geschlechtergrenzen z’iwwerschreiden, schockéierend schéin”, sot de Yamamoto 2018 op der Intersäit “The Cut”.

Back to Top
CIM LOGO