Live! Planet People am ReplayJay Hoffmann, Jerry Medernach a Joao Nunes

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm Klammen an de Projet Hope, mat deem Awunner op de Philippinnen ënnerstëtzt ginn.
Live! Planet People vum 28. Mee 2021
Eis Invitéeë vun haut: Jay Hoffmann, Jerry Medernach a Joao Nunes

Den Jay Hoffmann huet den 1. Mee Klamm-Geschicht geschriwwen, wéi hien als éischte Lëtzebuerger eng 8c geklommen ass. Seng Leidenschaft gehéiert dem Kloteren un Naturfielsen an hien trainéiert 3 bis 4 Mol d’Woch. Dorunner mierkt ee schonn, wéi seriö hie säi Sport hëlt. Virdrun huet hie sech ni fir Sport interesséiert, bis hie mat 15 Joer op de Boulder Club Lëtzebuerg gestouss ass a seng Leidenschaft entdeckt huet. Scho 4 Joer, nodeems hie sech fir d’Klammen entscheet hat, gouf de Jay Hoffmann 2017 Landesmeeschter, an elo klëmmt hie quasi wéi e Profi.

Den Dr Jerry Medernach ass diploméierte Sportwëssenschaftler a war den eenzegen, dee jeemools am däitsche Klamm-Kader war. Hie fuerscht als Post-Doc an der Sportpsychologie op der Uni Köln. Ee Fuerschungsschwéierpunkt si kognitiv Aspekter am Kloteren a Boulderen. 2007 huet hien de Boulder Club Lëtzebuerg gegrënnt a war bis 2016 President. Hien ass ee vun deenen, déi virun enger Dekade 8b+ zu Bäerdref geklommen ass, awer leider feelt him de Moment dofir d’Zäit, well hien och nach Sportsproff am Lycée zu Schengen ass.

De Joao Nunes aus dem Lycée Technique vu Lalleng ënnerstëtzt mam Projet Hope d’Awunner vun der Apo Insel op de Philippinnen. Zil ass et, hinnen ze hëllefen, well si vill Problemer mat hirem schoulesche Gebai hunn. Den Daach ass an engem schlechten Zoustand an hir Toilette sinn och net presentabel. En plus feelt et och u Schoulmaterial. A well si sech als Schüler an hir Roll versetze kënnen, wëll de Grupp vu 7 Leit elo Spende sammelen an T-Shirten a Pullovere verkafen. Een T-Shirt kascht 15 Euro an de Pullover kritt ee fir 35 Euro.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO