De Jean-Claude LENERS. Hien ass Dokter duerch an duerch.
Wann anerer Vakanz maachen, geet hien bei de German-Doctors an den Asaz. 1989 war hien eng éischte Kéier fir 6 Wochen zu Kalkutta, an entre-temps sinn dorausser 13 Hëllefsaktiounen ginn, dorënner de Bangladesch an d’Philippinen.
Den Nicolas ELGAS fillt sech wuel op de Schlittschong.
Vun den olympesche Jugendspiller zu Lausanne huet hien eng Goldmedaile mat Heem bruecht. Vun 2009 un war hien Member vum Swimming Luxembourg ier hien 2013 bei den Äishockey an d’Huskies Luxembourg gewiesselt ass, an zanter 2018 steet hien fir d’U18 Nationaléquipe um Äis.
d’Sandra WURSTER zielt sech selwer zu de “Bauchfrauen” ...
... a gëtt hiert positiivt Gefill fir säi Kierper z’akzeptéieren, elo an der däitscher Sendung “No Body is perfect” virun. E Workshop zum Thema Bodypositivity a Selflove gëtt et dëse Samschdeg zu Ierpeldeng. (www.bauchfrauen.com)