"Warscheinlech bis ech ëmfalen"Jean Pütz denkt och mat 83 nach net un d'Pensioun

RTL Lëtzebuerg
Am Interview mat der "Neuen Osnabrücker Zeitung" sot den 83 Joer alen Däitsch-Lëtzebuerger, hie kéint sech net virstellen opzehalen mat schaffen.

D’Tëlee-Vedette sot der Zeitung géigeniwwer: “Ich kann mir nicht vorstellen, aufzuhören zu arbeiten. Wahrscheinlich mache ich es, bis ich umfalle”.

All Dag schafft de Jean Pütz u Publikatiounen zu wëssenschaftlechen a politesche Froen fir seng Homepage an op de sozialen Reseauen.

Den bekannte Moderator nennt et ''Denksport’’ an dee géif hie fit a gesond halen.

De Jean Pütz hat vun 1974 un iwwer Joerzéngten d’Sendung ''Hobbythek’’ um Westdäitschen Rundfunk moderéiert.

Privat gi mer gewuer, dass en zënter 2000 mat senger drëtter Fra Pina Coluccia bestuet ass. zesummen hu se ee Bouf (geb. 1999) an eng Duechter (geb. 2010).

Dem Jean Pütz säin eelste Jong Jörn, aus sengem 1 Mariage, krut eréischt viru Kuerzem seng 60 Joer.

51 Joer Ënnerscheed also mat senger jéngster Duechter ... an dat fënnt hien “toll”.

Back to Top
CIM LOGO