Live! Planet People - ReplayJean Pütz, Géraldine Raths a Sebastian Jacqué

Patrick Greis
Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm eng Kult-Figur aus dem däitsche Fernsee, eng Schauspillerin an ëm den Organisateur vum LOA.
Live! Planet People
Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm eng Kult-Figur aus dem däitsche Fernsee, eng Schauspillerin an ëm den Organisateur vum LOA.

De Jean Pütz ass den Dinosaurier aus der Hobbythek a säi Schnurres ass säi Markenzeechen. Och mat 83 Joer gëtt hien net midd ze tüftelen an huet elo Facebook fir sech entdeckt. “Ich hab da mal was vorbereitet”, gëtt hie gären zitéiert, an elo wou iwwerall wichteg Maske feelen, war hien an d’Archiv wullen an ass op eng Iddi gestouss.De Jean Pütz ass zu Réimech opgewuess, wunnt elo 60 Kilometer vu Köln ewech op engem 4 Hektar groussen Terrain mat senger Famill an ass och Präsident vum Jumelage Esch/Köln.

D’Géraldine Raths krut d’Léift zur Schauspillerei vum Papp an d’Wéi geluecht. Zu München ka si sech e Sonndeg an aller Rou eng Weltpremière mat hir op der Tëlee ukucken. D’Gerry ass mat 11 Joer op Berlin geplënnert an duerch hire Papp, den Acteur Jean-Paul Raths, stoung de Beruffswonsch séier fest. 2003 stoung d’Géraldine eng éischte Kéier virun der Kamera, an elo gesäit ee si am “Polizeiruf 110", “Balko”, “Tatort” oder Serië wéi “Die Stein” oder “Löwenzahn”. Dëse Sonndeg um 20.15 Auer ass d’Géraldine um ZDF als Maja Fricke bei “Tonio & Julia” ze erliewen.

De Sebastian Jacqué wëll de Leit Hoffnung op d’Zäit no Corona maachen an annoncéiert déi 2. Editioun vum Luxembourg Open Air, LOA. Nom grousse Succès vun 2019 war et séier decidéiert, fir den DJ Festival och 2020 ze organiséieren an nach en Dag drun ze hänken. Den Datum steet mam 12. an 13. September fest. Si gleewe fest drun, dass bis dohinner d’Corona-Zäit hannert eis läit an elo scho kann ee sech freeën op Nimm wéi Quintino, Smack an Danko, Michael Calfan, Justin Mylo an Iceleak.

Back to Top
CIM LOGO