Falschen Account@JeanNassau net den Account vum Ierfgroussherzog

RTL Lëtzebuerg
Op Twitter huet rezent eng Persoun e falschen Account opgemaach, datt ënnert dem Numm vum Ierfgroussherzog Guillaume.

An engem Communiqué deelt d’Cour grand-ducale mat, datt dësen Account kee Lien mat der groussherzoglecher Famill huet an dowéinst als e Fake-Account ugesi gëtt.

D’Populatioun gëtt gebieden, dësen Account z’ignoréieren. Déi néideg Demarchë goufen an d’Weeër geleet.

PDF: De Communiqué

Back to Top
CIM LOGO