Super BowlJennifer Lopez a Shakira trieden an der Paus vun der Finall op

Carine Lemmer
D'Finale ass d'nächst Joer den 2. Februar zu Miami.
© RTL Archiv

D’Aschaltquote beim Super Bowl sinn an der Lescht erof gaangen, elo sollen zwou „Queens“ vun der Popmusek dat änneren: d’Jennifer Lopez an d’Shakira wäerten an der Paus vum Super Bowl op der Bühn stoen, dat fir eng alleréischte Kéier zesummen.

De Super Bowl ass den Héichpunkt vun der American-Football-Saison. D’Finall ass d’nächst Joer den 2. Februar zu Miami, dat och nach um Gebuertsdag vum Shakira.

Back to Top
CIM LOGO