Live! Planet PeopleJennifer Schlechter, Jacques Lamby an Alexander Verschaeren

Patrick Greis
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm "Crème Fraîche", de Veräin "Stroossen Classics" a Golf.
Live! Planet People
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm “Crème Fraîche”, de Veräin “Stroossen Classics” a Golf.

D’Jennifer Schlechter steet normal éischter hannert der Kamera. Beim Filmconcours “Crème fraîche”, bei deem jonk Nowuessfilmer ausgezeechent ginn, suergt si dëse Samschdeg am Kinepolis derfir, dass déi Richteg Tropheeë kréien. Si schafft beim Service National de la Jeunesse am Centre Mariendall an organiséiert Aktivitéite ronderëm d’Medien an d’Mediekritik.

De Jacques Lamby ass ee vun 5 Autosverréckten, déi 2017 de Veräin “Stroossen Classics” an d’Liewe geruff hunn. Um Autojumble laacht de Weekend net nëmme säin Häerz. Highlight dëst Joer ass den Optrëtt vum Jean-Claude Andruet. De fréiere Rallyechampion aus de 70er an 80er ass e Samschdeg um Stand, fir Froen ze beäntweren, Autogrammen ze ginn oder Selfien ze maachen.

Den Alexander Verschaeren ass vu Klengem u vu Golf begeeschtert. 1989 ass hien zu Vancouver a Kanada op d’Welt komm. Zanter 5 Méint mécht hien dat haaptberufflech a verdéngt seng Suen als eenzeg Lëtzebuerger Profi. Zanterhier reest e vill a weist säin Talent op groussen Tournoien uechter d’Welt. 2005 war e schonn bei den European Young Masters an den Top 20 a Gewënner vun den Antwerp Junior Open, an 2015 gouf hien Champion vu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO