E Schatz an der Mauer?Joerhonnert al Goldmënze bei Renovatioun a Frankräich entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Et handelt sech ëm e Schatz vun 239 Mënzen, deelt d'Auktiounshaus Ivoire Angers en Donneschdeg mat.
© AFP/GEORGES GOBET

D’Mënzen, déi an der Zäit vun der Herrschaft vun de franséische Kinneke Ludwig XIII a Ludwig XIV gepräägt gi sinn, sollen elo versteet ginn.

Wärend der Renovatioun vum Härenhaus an der Bretagne, hu Steemetzer eng metalle Këscht fonnt, déi mat Goldmënze gefëllt war. “D’Këscht war an der Mauer agemauert ginn”, esou den 63 Joer ale Besëtzer vum Haus. E puer Deeg méi spéit ass iwwert enger Dunn nach e Portmonni mat weidere seelene Mënz fonnt ginn.

Als Bijou gëllt eng Mënz aus dem Joer 1646. Hire Wäert gëtt op 15.000 Euro geschat. Bei dësem Schatz handelt et sech vermuttlech ëm d’Erspuernesser vun engem räiche Geschäftsmann oder engem Bauer.

D’Mënze sollen den 29. September versteet ginn. Den Erléiss gëtt op 250.000 bis 300.000 Euro geschat a gëtt tëschent den Handwierker, déi d’Mënz fonnt hunn an de Proprietären opgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO