Live! Planet People - ReplayJohann Lafer, Marc Weis an Zaryah

Patrick Greis
Am Live! Planet People e Freideg waren de Johann Lafer, de Marc Weis an d'Zaryah eis Invitéen.
Live! Planet People
Am Live! Planet People e Freideg waren de Johann Lafer, de Marc Weis an d’Zaryah eis Invitéen.

De Johann Lafer kennt kee Lagerkoller. Och a Corona-Zäite kacht hie fir sech an déi Kéier och fir eis. Ouni säi Schnutz géif een de Fernseekach aus der Steiermark mam schéinen éisträicheschen Akzent net direkt erëmerkennen. Awer net nëmmen de Schnutz verbënnt hie mat sengem Kolleeg Horst Lichter, mat deem hien och 11 Joer laang bis 2017, d’Kachshow Lafer! Lichter! Lecker! presentéiert huet, an där och eisen Ausseminister Jean Asselborn e legendären Optrëtt hat. Fir eis preparéiert de Johann, deen och Lëtzebuerg gutt kennt, Spargele mat engem Ee an enger spezieller Vinaigrette.

PDF: Rezept vum Johann Lafer

Back to Top
CIM LOGO