Ob dat hëlleft?Johnson wëll Wieler mat nogespillter Zeen aus Chrëschtdag-Kultfilm ulackelen

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun de Parlamentswale setzt de brittesche Premier op d'Chrëschtdagsstëmmung vun den Awunner a Groussbritannien.
© afp

Am Fokus steet de berüümte Film “Love Actually” aus dem Joer 2003. Parodéiert gëtt déi wuel wichtegst Zeen, an där de Mark (Andrew Lincoln) dem Juliet (Keira Knightley) mat Hëllef vu Plakater weist, wéi gär hien hatt huet. Am Boris Johnson senger Versioun geet et net ëm Léift... mä em d’Parlamentswalen. Romantesch Aussoe goufen duerch Sätz wéi “Är Stëmm war ni esou wichteg” ausgetosch.

Vun e Méindeg den Owend bis en Dënschdeg de Mëtteg gouf de Clip vun de Konservativen eleng vu méi wéi enger Millioun Mënschen ugeklickt. En Erfolleg fir dem Boris Johnson seng Partei? Dat bleift de Britten iwwerlooss, déi den 12. Dezember en neit Parlament wielen.

Back to Top
CIM LOGO