VIDEO-ReportageJonker bei der Fuesent: Alkohol ass keng Mussesaach

RTL Lëtzebuerg
Keen Alkohol fir Kanner, e Message, dee virun allem déi Jonk erreeche soll.
Jugendlecher vum Alkohol ofbréngen
Keen Alkohol fir Kanner, e Message, dee virun allem déi Jonk erreeche soll.

Fuesent steet virun der Dier. En Evenement, wou et jo quasi eng Traditioun ass an normal schéngt, datt och mol e Patt méi gedronk gëtt. Nëmmen datt dat awer net eleng déi Erwuesse maachen.

Mannerjäreger an Alkohol, dat ass nach dacks en Tabu-Thema an eiser Gesellschaft. Dogéint wollt d’Jugendhaus vu Munneref eppes ënnerhuelen. Sou gouf de Projet “Ouni Alkohol” zesumme mam SNJ initiéiert.

Facebook, Snapchat an Instagram funktionéiere mat Biller. Dowéinst si gutt Fotoen a markant Spréch wichteg.

Jonk Sportler, dat sinn d’Protagoniste fir d’Plakater, well d’Sportler wiere scho bekannt ënnert de Kanner a kéinten dowéinst séier vill Leit erreechen. Dat ass op d’mannst d’Iddi.

Aus iwwer 500 Fotoen déi Bescht aussichen, keng einfach Aarbecht. Jiddereen huet nämlech e liicht anere Goût. Zum Schluss sinn 10 Fotoen iwwereg bleiwen an déi sinn an der Fueszäit op Facebook an a ganz Munneref als Plakat ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO