Hëllef bei OtemproblemerKabinn mat salzegem Niwwel fir Päerd

RTL Lëtzebuerg
Zanter engem Joer ass d’Denise Zimmermann mat hirer Camionnette ënnerwee. Eng Camionnette, déi Mieresloft bei d'Päerd bréngt.
Salzegen Niwwel fir Päerd
Zanter engem Joer ass d’Denise Zimmermann mat hirer Camionnette ënnerwee. Eng Camionnette, déi Mieresloft bei d’Päerd bréngt.

E Gefill dat jiddwerengem vun eis gutt deet: Dobaussen eemol déif duerchootmen. Besonnesch d’Mieresloft deet eisem Kierper gutt, ma wousst Dir, datt et bei de Päerd net vill anescht ass. Hei am Land kréie se awer leider keng Mieresloft of, bis ewell, wëll eng jonk Damm huet elo dofir d’Léisung fonnt. Si bréngt se einfach bei d’Päerd. Wéi dat funktionéiert an ob et och wierklech hëlleft? Mir ware mat de Päerd Wellness maachen.

Virun zwee Joer huet dem Kim Metzler säi Päerd Jack ugefaange mat houschten. Am Ufank huet si sech näischt dobäi geduecht. Wou den Houscht awer net besser ginn ass, huet si den Déierendokter geruff. D’Léisung war fir den Jack Mieresloft.

Zanter engem Joer ass d’Denise Zimmermann mat hirer Camionnette ënnerwee. Eng Camionnette, déi d’Mieresloft op Lëtzebuerg bréngt. Net esou wéi mir se vun der Plage kennen, mee a Form vun Niwwel. Dëse besteet aus enger Mëschung aus enger héich-konzentréierter Salz-Léisung an ioniséiertem Sauerstoff.

Nodeems eent vun hire Päerd krank ginn ass, huet d’Denise Zimmermann no anere Méiglechkeete gesicht. Esou ass si op d’Iddi komm, och anere Päerd mat Otemproblemer ze hëllefen.

D’Déierendoktesch Beate Schoof ënnersträicht, dass eng Salz-Kur gutt fir d’Päerd ass. Genee wéi bei de Mënschen hëlleft se bei verschiddene gesondheetleche Problemer.

Trotzdeem dierf ee sech keng Wonner erwaarden. Dacks loosse Besëtzer hir Päerd eréischt behandelen, wann et schonn ze spéit ass. Si erwaarde sech dann, dass et hirem Päerd direkt soll besser goen. Sou einfach wär et net, do spillen nämlech nach aner Aspekter eng wichteg Roll. Beispillsweis ass et wichteg, dass och d’Ëmfeld stëmmt an do alles gemaach gëtt, fir dass et dem Päerd an Zukunft ka besser goen.

An der Loft ass Stëbs, dee mir mat anootmen. Ähnlech wéi bei Mënschen, hunn d‘Päerd eng speziell Schläimhaut, déi d’Long géint dëse Stëbs schützt. Wann d‘Päerd krank ass, gëtt de Schläim ëmmer méi zéi an de Kierper kann net méi mat genuch Sauerstoff versuergt ginn.

D’Kim Metzler huet no der éischter Behandlung eng Verbesserung beim Jack gemierkt. Angscht virum Niwwel hat d’Päerd net.

Krank esou wéi gesond Päerd kënne vum salzegen Niwwel profitéieren. D’Mieresloft stäerkt d’Immunsystem an déi meescht genéissen et och. Mat enger Vakanz op der Belscher Plage ass et awer net grad ze vergläichen.

Back to Top
CIM LOGO