"Kevin - Eleng zu New York"Kanadesche Sender sträicht Trump-Zeen a muss sech rechtfäerdegen

RTL Lëtzebuerg
D'Trump-Zeen aus dem Chrëschtdagsklassiker "Kevin - Eleng zu New York" sträichen?! E puer Leit waren doriwwer net "amused".
D'Zeen aus dem Film
D’Zeen aus dem Film

De kanadesche Sender CBC huet bei hirer rezenter Diffusioun vum Chrëschtdagsklassiker “Kevin - Eleng zu New York” decidéiert d’Trump-Zeen erauszehuelen. Säin eelste Jong Donald Trump junior huet no enger Erklärung verlaangt.

D’Zeen war laang virun de Walen, bei deenen den Trump zum US-President gewielt gouf, entstanen, sou CBC an hirer Erklärung. Vill Filmer géingen dacks iwwerschafft ginn, fir datt se an den zäitleche Programm passen. D’Trump-Zeen wier just eng vu ville gewiescht, déi aus dem Film vun 1992 erausgeschnidde gouf. En plus wier keng vun deenen Zeene relevant fir d’Handlung gewiescht.

Dat wier schonn 2014 geschitt, nodeems CBC d’Rechter fir de Film krut. Den Donald Trump ass am November 2016 zum President gewielt ginn.

User vun engem Online-Netzwierk haten dës Demarche als politesch motivéiert kritiséiert. Och den Donald Trump junior hat sech bei der Debatt matrappe gelooss an huet d’Erausschneide vun der Zeen als “erbäermlech” bezeechent.

Den US-President hat sech viru Kuerzem souguer zu sengem Optrëtt op der Leinwand geäussert. De Film wier “ee vun de gréisste Chrëschtdagssuccèsen”. Et wier “eng Éier, en Deel vun esou enger Saach gewiescht ze sinn”, sot den US-President en Dënschdeg am Gespréich mat US-Zaldoten.

© AFP

Den Donald Trump daucht an der Zeen effektiv ganz kuerz op. De Kevin, deem seng Elteren hie schonn nees vergiess hunn, verbréngt do seng Vakanz eleng an engem Hotel. An enger Zeen, fënnt hie de Wee net, freet den Trump, deen him - an engem laange Mantel an deemools schonn enger rouder Krawatt - an engem kuerze Saz erkläert wou en hi muss.
Ganz zoufälleg ass d’Participatioun um Film vum fréieren Immobiliemogul awer net. Hien hat deemools de “Plaza Hotel” kaf, an deem de Film gedréint gouf. Den Acteur Matt Damon hat an engem Interview vun 2017 verroden, datt den Trump den Tournage just ënner enger Konditioun erlaabt: Hie selwer sollt am Film och ze gesi sinn.

Back to Top
CIM LOGO