Nei Reegel fir ClientenKand am Pub mat dobäi? Da gëtt et manner Alkohol!

RTL Lëtzebuerg
Ee brittesche Pub huet ugangs des Joers annoncéiert, dass si en Zeechen a punkto Alkoholkonsum a Géigewaart vu Kanner setze wéilten.
© Pixabay

Zu Gravesend, enger brittescher Stad, an där ëm 50.000 Mënsche wunnen, gëtt nämlech gär a vill gedronk. Gleeft een dem Mann, deen de Flyer vun der brittescher Pub-Chaîne Wetherspoon op Facebook gesat huet, géing sech d’Bemierkung virun allem u Mamme riichten. Dem Joseph Michael Stedman no géingen déi jonk Mammen nämlech daagsiwwer a Presenz vun hire Kanner am Pub eng bis zwou Fläsche wäisse Wäin op de Kapp drénken.

An engem Schreiwes huet d’Lokal erkläert, dass et zu der Lizenz, Alkohol servéieren ze dierfen, och gehéiert, Kanner ze schützen. Dowéinst kréien déi betraffen Eltere just nach een alkoholescht Gedrénks, zwee, wa si sech e waarme Plat bestellen. D’Personal wier also berechtegt, weider Alkohol-Commanden ze refuséieren.

Back to Top
CIM LOGO