Yummy oder yuck?Kanéil-Cola suergt fir Chrëschtdagsstëmmung am Hierscht

RTL Lëtzebuerg
2 Méint virun Hellegowend huet Coca-Cola eng nei Zort erausbruecht, fir datt d'Konsumente sech elo scho kënnen op déi schéinsten Zäit vum Joer astëmmen.
© Coca-Cola

Nieft dem Dännebeemchen, der Raclette an de Kaddoen, verbanne vill Leit nach eppes anescht mat der Chrëschtzäit: De Geroch a Goût vu Kanéil. Dowéinst huet sech de Gedrénks-Gigant geduecht, eng Kanéil-Versioun vum wuel populäerste Softdrink weltwäit op de Marché ze bréngen.

2018 gouf an der Schwäiz an a Groussbritannien Cola-Kanéil ouni Zocker verkaf. Dësen Hierscht kënnt se eng éischte Kéier bei eisen däitschen Noperen an d’Regaler.

Ob een dës wanterlech Mëschung och am Grand-Duché ze kafe kritt, ass net gewosst. Kanéil-Junkieë musse sech deemno nach gedëllegen oder bis iwwert d’Grenz fueren, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen... oder wéi gewinnt op Egg Nog oder Glühwäin zeréckgräifen.

Back to Top
CIM LOGO