"Faarweg Steng"Kanner beschäftegen a se an d'Natur schécken

Philippe Dondelinger
Et ass e Projet, fir d'Kanner doheem ze beschäftegen a se dono an d'Natur ze schécken, well et spannend ass a geographesch och nach ganz edukativ ka sinn.
Projet "Faarweg Steng"
Et ass e Projet, fir d’Kanner doheem ze beschäftegen a se dono an d’Natur ze schécken, well et spannend ass a geographesch och nach ganz edukativ ka sinn.

Et ass de Steen, dee bei deem Ganzen am Mëttelpunkt steet, all flotten an net ze schwéiere gëtt elo zu Schëffleng vun de Kanner mat heem geschleeft, fir en do faarweg ze molen, eng Aktioun, déi d’Kerstin Rose an d’Liewe geruff huet. Dono soll de Steen esou op d’Rees goen an d’Kanner dozou motivéieren, aus de 4 Maueren doheem eraus an d’Natur ze goen a Steng ze sammelen an dann déi vun deenen aneren ze sichen. Esou leet een ëmmer deen, deen e fënnt op eng nei Plaz. De But ass, de Steen soll wanderen. Dann ass et un deenen anere Kanner, fir dës nees ze fannen, am beschten een aneren amplaz ze leeën an deen, deen ee fonnt huet, enzwousch anescht nees verstoppen, natierlech esou, dass ee se fënnt.

Bei där 2. Aktioun, déi parallel leeft, fir déi, déi aus Sécherheetsgrënn keng Steng vun aneren upaken wëllen, déi kennen hire gemoolte Steen op enger spezieller Plaz am Bësch zu Schëffleng hannert dee leschte leeën, fir esou eng Schlaang ze forméieren.

Wien awer elo e Steen fënnt an e weider transportéiert, kann dat och op Facebook posten am Grupp “Faarweg Steng” mat enger Foto, esou wëssen déi Schëfflenger ëmmer, wou hir Steng dru sinn an natierlech och, wéi wäit se duerch dës kreativ Iddi duerch eist Ländche gewandert sinn.

Eng flott Initiativ, bei där Leit uechtert d’Land matmaachen

Och zu Steesel bei der Wäisser Schoul “Sepp Hansen” läit den Ufank vun enger Schlaang, déi all Awunner mat engem faarwege Stee verlängere kann. Der Kreativitéit sinn hei keng Grenze gesat. Wéi gutt dës Iddi bei Kleng a Grouss ukënnt, weist och de Foyer Laladudo am Neiduerf, dee bei dëser Aktioun matmécht.

Back to Top
CIM LOGO